Eng bëssen aner WeltmeeschterschaftBeschte gekachten Eeër mat Mayonnaise op der Welt: Lëtzebuerger op WM zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
De Méindeg war an der franséischer Haaptstad e ganz speziellen internationalen Concours.
Eeër mat Mayonnaise: Wie mécht déi bescht op der Welt?
Extra fir dëse Plat gëtt et eng eege Weltmeeschterschaft, dat natierlech zu Paräis.

An zwar ass et drëms gaangen, wien déi beschte gekachten Eeër mat Mayonnaise vun der Welt mécht. E bekannte Plat aus der franséischer Kichen, deen een dacks an de Brasserië bei eisen Noperen erëmfënnt. Ma net nëmmen do ass een dovunner begeeschtert, well mat dobäi op der Weltmeeschterschaft ass och e Kach vu Lëtzebuerg, dee méintelaang un deem enge perfekte Rezept geschafft huet a mat groussen Ambitiounen an déi franséisch Haaptstad gereest ass.

Back to Top
CIM LOGO