
Gutt verstoppt tëscht Holzplatte sollte méi wéi 8 Tonne Kokain iwwer Bolivien an Holland geschéckt ginn. Wier et an Europa ukomm, hätt et ëmgerechent fir eng 480 Milliounen Euro kënne verkaaft ginn.
Véier Leit goufen am Kader vun der Decouverte festgeholl. Dorënner wier ee Kolumbianer, een “décke Fësch am Drogenhandel”, esou de bolivianeschen Inneminister an enger Matdeelung.
Bolivien ass no Kolumbien a Peru dee weltwäit drëttgréisste Produzent vu Kokablieder. Een Deel vun deene Blieder gëtt illegalerweis fir d’Produktioun vu Kokain genotzt.