
Bei enger rouder Luucht ass eng Bommel duerch eng oppe Fënster an d’Gefier geflunn. Den 21 Joer ale Chauffer ass doropshin esou erschreckt, dass hie mat sengem Fouss ausgerutscht ass. De Fouss huet sech vun der Bremspedall geléist an de Won, deen eng Automatik-Schaltung huet, ass no vir gefuer. Dobäi gouf eng Cyclistin, déi riets nieft dem Auto stoung, ugestouss. Si huet misse mam Helikopter an d’Spidol geflu ginn a gouf uerg blesséiert. Donieft ass de Won engem aneren hannendrop gefuer.