Entféierung vu Block-KannerBouf hat Alarm aktivéiert, Papp krut elo d'Suergerecht

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op den 1. Januar waren d'Klara an den Theodor Block an Dänemark entféiert ginn. D'Eltere streiden zanter Joren ëm d'Suergerecht.
D'Christina Block (lénks) mat hirem aktuelle Partner Gerhard Delling (riets).
D’Christina Block (lénks) mat hirem aktuelle Partner Gerhard Delling (riets).
© GEORG WENDT / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Ass et den Héichpunkt vun engem massive Streit ëm d’Garde vun de Kanner? Oder stécht eppes anescht hannert der Geschicht?

Fir an dat neit Joer eranzefeieren, war den Stephan Hensel, Ex-Mann vum Christina Block, mat hiren zwee Kanner am däneschen Duerf Gråsten an de Restaurant. Allerdéngs goufen dat 13 Joer alt Klara a säin 10 Joer ale Brudder Theodor entféiert.

D’Christina Block ass d’Duechter vum Eugen Block, deen 1969 d’Steakhouse-Chaîne “Block House” gegrënnt huet. Mëttlerweil ginn et dovu 55 Restauranten a ganz Europa. Dozou kënnt nach d’Mark “Jim Block” mat, ënnert anerem, néng Burger-Restauranten, zwee Hoteller an enger Brauerei. Dem Christina gehéiere 16 Prozent vun der Block-Grupp.

De Stephan Hensel kennt een als däitsche Fotograf, Radio- a Fernseemoderator.

D’Police deelt mat, datt e puer Männer de Papp kuerz no Mëtternuecht ugegraff hätten. Duerno hätte si d’Kanner gezwongen an en Auto ze klammen a si fortgefuer. Um 0.17 Auer krut d’Police den Noutruff an huet eng Sich lancéiert. Eréischt um 1.07 Auer gouf déi däitsch Police informéiert an huet sech op der Grenz positionéiert. Hei war ee vun enger méiglecher Entféierung ausgaangen.

D’Autoe vun den Täter wieren an Däitschland zougelooss: E Citroën DS7 Crossback mam Kennzeechen DN-AV 9551 an e Mercedes mam Kennzeechen WI-W 6481 E. D’Police vum Hamburg ermëttelt wéinst Kierperverletzung a Fräiheetsberaubung.

E laange Sträit

Zanter Joren ass d’Koppel sech net doriwwer eens, bei wiem dräi vun hire véier Kanner wunne sollen. No engem Besuch am Summer 2021 hat de Stephan Hensel den Theodor an d’Klara bei sech an Dänemark gehalen. Hie seet déi zwee wéilten net méi zeréck bei d’Mamm, déi behaapt, dass d’Kanner hier ewechgeholl goufen.

Dat 17 Joer alt Johanna soll fräiwëlleg bei sengem Papp wunnen. Zu Hamburg bei der Mamm wunnt aktuell hier Duechter Greta, dat 15 Joer huet.

Am Februar 2023 gouf dunn en Urteel virum dänesche Geriicht gesprach. De Papp krut d’Garde fir d’Kanner, ma d’Mamm soll se all zwou Woche besiche kënnen. Mëttlerweil ass d’Christina Block mam fréiere Sport-Moderator Gerhard Delling liéiert.

Nei Entwécklungen

Effektiv gouf de Verdacht vun der Police um Freideg bestätegt: D’Kanner ware bei d’Mamm an Däitschland bruecht ginn. Den 10 Joer alen Theodor hat ënnerwee en Alarm-Knäppche gedréckt, dee säi Papp him eng Kéier ginn hat.

Déi zwee Kanner sollen elo nees an Dänemark bei hire Papp bruecht ginn, deen dat komplett Suergerecht fir d’Kanner krut.

Back to Top
CIM LOGO