
D’Lula da Silva, déi och ënnert dem Spëtznumm Janja bekannt ass, huet den 11. Dezember d’Kontroll iwwert hiren Account verluer. Onbekannter hunn an hirem Numm Noriichten, dorënner Beleidegunge géint d’Rosangela Lula da Silva selwer a géint hire Mann, de President Luiz Inàcio Lula da Silva geschriwwen.
Och fraefeindlech Parole goufen iwwert de Profil verëffentlecht. Kuerz duerno wiere se nees geläscht ginn. Wéinst dem Virfall hätt d’Police eng Enquête lancéiert.
“Ech weess nach net, ob ech si an den USA oder a Brasilie verkloe muss, mee ech wäert se verkloen”, seet d’Rosangela a Bezuch op X. An enger Live-Iwwerdroung huet si den Elon Musk an engem Gespréich och direkt attackéiert.
Déi brasilianesch First Lady fuerdert, dass d’Medien an hirem Land besser reguléiert ginn. Dës misste fir d’Aktioune vun hire Benotzer verantwortlech gemaach ginn. Och weltwäit wieren entspriechend Gesetzer noutwenneg. Et gëllt, erauszefanne, wéi een ouni Zensur mam Probleem ëmgoe kéint, seet d’Lula da Silva.