
Wärend der Faart hat den 72 Joer ale Mann Pornoen op sengem Handy gekuckt. Eng Jugendlech hat hien zweemol dobäi observéiert an och gefilmt: Eemol wärend der Faart an eemol wärend senger Paus. Doropshin huet d’Meedchen d’Police kontaktéiert, déi eng Plainte géint de Chauffer deposéiert huet, wéinst der Verbreedung vu pornografesche Schrëften u Mënschen ënnert 18 Joer.