
Iwwert de Keefer ass iwwerdeems awer näischt gewosst. D’Heft wier an engem gudden Zoustand gewiescht, wéi d’Auktiounshaus Heritage Auctions zu Dallas am US-Bundesstaat Texas matgedeelt huet. Um Titelbild vum Comic aus dem Mäerz 1941 ass ze gesinn, wéi de Captain America dem Adolf Hitler e Coup an d’Gesiicht gëtt.
Dat deierste Comic-Heft, dat jee verkaaft ginn ass, stoung am September 2021 zur Auktioun. Deemools hat een “Spider Man"-Comic aus dem Joer 1962 säi Keefer ganzer 3,6 Milliounen Dollar kascht. Och am leschte Joer ass d’"Superman"-Heft “Action Comics No. 1" aus dem Joer 1938 fir 3,25 Milliounen Dollar versteet ginn.