"My heart will go on"Céline Dion huet Donald Trump verbueden, säi Welt-Hit fir Optrëtter ze notzen

RTL Lëtzebuerg
Wéi et weider vun der Sängerin heescht, déi jo rezent bei den Olympesche Spiller zu Paräis no laanger Zäit opgedtrueden ass, hätt si ni hiren "OK" ginn.
© afp

Déi kanadesch Sängerin Céline Dion huet dem Walkampfteam vum Donald Trump verbueden fir hire Megahit “My heart will go on” nach weider bei Optrëtter vum republikaneschen Presidentschaftskandidat ze spillen.

Si hätt et kengeswees erlaabt, datt den Titanic-Song bei engem Walkampf-Meeting am Montana gespillt dierft ginn, huet der kanadescher Sängerin hire Management matgedeelt.

Zanter datt d’Vizepresidentin Kamala Harris fir d’Demokraten an der Course ass huet den Donald Trump an den Ëmfroen agebéisst. User hu lo schonn am Internet ironesch de Vergläich gezunn tëscht dem Trump sengem Walkampf an dem Ënnergang vun der Titanic.

Back to Top
CIM LOGO