
Och Tester wieren “mat effet immédiat” net méi erlaabt, wéi d’kalifornesch Verkéiersautoritéit en Dënschdeg erkläert. D’Autoe vun der Duechterfirma vun Auto-Motors waren zanter August dëst Joer an der Stad ënnerwee. Grad ewéi d’Taxie vun der Firma Waymo, déi awer weiderhi fueren dierfen.
Ufank Oktober war eng Fra zu San Francisco vun engem aneren Auto ugestouss an ënnert ee “Roboter-Taxi” vu Cruise geschleidert ginn. Den Taxi huet Cruise no zwar staark gebremst, ma d’Fra ass trotzdeem ënnert d’Gefier geroden. D’Pompjeeën hunn den Auto missten ophiewen, fir déi schwéier blesséiert Fra ze biergen.
Wéi d’Verkéiersautoritéit matdeelt, misst een d’Fuererlabnis fir Autoen ouni Chauffer direkt aussetzen oder entzéien, wann et een “onbestreitbare Risk fir déi ëffentlech Sécherheet” gëtt.