Manipuléiert SécherheetstesterDaihatsu liwwert keng Autoe méi

RTL Lëtzebuerg
De japaneschen Autoshiersteller Daihatsu, deen zu Toyota gehéiert, stoppt wéinst jorelaang gefälschte Sécherheetstester alleguer d'Liwwerunge weltwäit.
Daihatsu-Chef Okudaira (lénks) an Toyota-Vizechef Hiroki Nakajima (riets)
Daihatsu-Chef Okudaira (lénks) an Toyota-Vizechef Hiroki Nakajima (riets)
© AFP

Dës Entscheedung huet Daihatsu um Mëttwoch no engem Rapport vun onofhängegen Experte bekannt ginn. Schonn am Fréijoer hat den Hiersteller zouginn, d’Resultater bei verschiddene Modeller manipuléiert ze hunn. D’Regierung huet elo eng Inspektioun vun de Fabricken um Donneschdeg ugekënnegt.

Eng Kommissioun un Experten, déi scho méi laang an dësem Fall ermëttelt, huet a 25 Testkategorien am ganzen 174 “Onreegelméissegkeeten” entdeckt, déi bis an d’Joer 1989 zeréckginn. Dës géingen ënnert anerem Tester vun den Dieren an dem Schock bei engem Accident betreffen. Dorënner falen am Ganze 64 Modeller, déi deels net méi hiergestallt ginn, deels fir Toyota, Mazda a Subaru produzéiert ginn.

Grond fir déi gefälscht Resultater wier wuel den “extremen Zäit- an Erfollegsdrock”, ënnert deem d’Modeller entwéckelt ginn. D’Autoen hätten nämlech beim éischte Versuch vum Test iwwerzeege mussen, fir d’Unzuel un Autoen, déi zerstéiert musse ginn, ze verréngeren. Esou sollte Käschte reduzéiert ginn.

De Chef vun Daihatsu Soichiro Okudaira entschëllegt sech wärend enger Pressekonferenz bei de Clienten, hiert Vertraue mëssbraucht ze hunn. Och Toyota géing et leed doe fir “d’Onangeneemlechkeeten an d’Suergen”, déi dës “Situatioun” verursaacht huet.

Zudeem huet Toyota alleguer d’Liwwerunge gestoppt a géing kontrolléieren, ob d’Clienten hiren Auto weiderhin ouni Suergen notze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO