Keng Zauber-Lizenz?Däitsch Douane zerstéiert 1.170 Harry-Potter-Kostümer "ouni groussen Hokuspokus"

RTL Lëtzebuerg
Accessoiren aus der Hogwarts-Welt sinn de Beamte vun der Douane an d'A gesprongen. Séier koum de Verdacht op, dass méiglecherweis keng Lizenz virléich.
Exemplareschen Deel vun der saiséierter Wuer
Exemplareschen Deel vun der saiséierter Wuer
© Zoll Hamburg

Virun ongeféier zwee Méint huet d’Hamburger Douane iwwer 1.000 Harry-Potter-Kostümer an engem Container saiséiert, deen aus China komm ass. Schouluniformen, Krawatten an “Zeitumkehrer” sollte vun do aus weider a Richtung Polen transportéiert ginn. De Verdacht vun de Beamten, datt keng Lizenz fir dës Produite virleie géing, gouf confirméiert. Dowéinst ass d’Wuer virun e puer Deeg “ouni groussen ‘Hokuspokus’” ënner Iwwerwaachung zerstéiert ginn, schreift d’Porte-parole.

Back to Top
CIM LOGO