
Op Instagram behaapt déi international Organisatioun “Fridays for Future”, déi international Medie wiere “vun imperialistesche Regierunge finanzéiert, déi hannert Israel stinn”. D’Gruppéierung schwätzt vun enger “Gehierwäsch” a bezeechent Israel als “Apartheid-System”.
D’Aktivistin Greta Thunberg rifft zudeem zu engem Streik a Solidaritéit mat de Palästinenser op. Déi däitsch Ëmweltministesch Steffi Lemke kritiséiert dat elo schaarf: “Fridays for Future hunn ouni Zweiwel immens Verdéngschter”. Allerdéngs géingen “d’Äusserunge vum Greta Thunberg a Fridays for Future International zum Terrorugrëff op Israel, dat grousst Vertrauen”, dat vill jonk Leit an d’Beweegung hunn, zerstéieren.
Et wier richteg an “dréngend noutwenneg” gewiescht, dass sech Fridays for Future Däitschland an hir Matgrënnerin Luisa Neubauer kloer an eendeiteg vu Fridays for Future International ofgegrenzt hätt, esou d’Steffi Lemke.