Alles just e Witz?Dänesche Sender täuscht Schauspiller méintelaang mat Dram vun eegenem Film

AFP, iwwersat vun RTL
En däneschen Acteur huet iwwer Méint gemengt, säin Dram vun enger eegener Serie géing an Erfëllung goen. Ma um Enn ass alles just eng Spiicht. Déi Schëlleg? Frënn an Aarbechtskolleegen.
De Sëtz vun der Tëleeschaîne TV2 zu Kopenhagen.
© AFP

D'Däne si bekannt fir hir provokant Tëleesformater. Mat enger neier Serie iwwer sechs Episoden ass den ëffentleche Sender TV2 awer elo ze wäit gaangen, wéi vill Leit kritiséieren. An der Serie gouf dem Schauspiller a Komiker Rasmus Wallbridge véier Méint laang virgetäuscht, hie kéint säi groussen Dram vun engem eegene Film endlech ëmsetzen.

Ronn 150 Frënn, Bekannter, Kolleegen a Prominenter hu bei der Spiicht matgemaach. Si hunn de Wallbridge dofir net just ugelunn, mä hien deelweis och mat verstoppter Kamera gefilmt. Geplangt gouf dat Ganzt ënnert anerem vun engem enke Kolleeg a Geschäftspartner. Doraus ass d'Tëleesserie "Alle elsker Rasmus" (Jiddereen huet de Rasmus gären) entstanen, déi op TV2 gelaf ass. Eréischt am leschten Episod gëtt de Wallbridge gewuer, datt alles gestallt war - a säin Dram platzt.

No uerger Kritik huet TV2 d'Serie elo aus dem Internet geholl a sech beim Komiker entschëllegt. Trotzdeem ass de Shitstorm net eriwwer. Zwar huet de Sender eng intern Enquête annoncéiert, ma d'Leit fuerderen awer eng onofhängeg Kontroll a personell Konsequenzen.

"Jidderee ka gesinn, datt dat hei uerge Mobbing ass", huet de Chefredakter vun der dänescher Zeitung "Politiken" geschriwwen. Kritiker nennen d'Serie "béisaarteg" a schwätze vu "psychescher Gewalt". D'Kulturministesch Zenia Stampe sot der Tëleeschaîne DR, TV2 hätt op "komplett eklatant an oneethesch Aart a Weis" gehandelt an de Wallbridge iwwer Méint "veraarscht". Souguer déi dänesch Regierungscheffin huet sech zu Wuert gemellt. Si hofft, datt "dëse ganz ongléckleche Fall bei jidderengem zu engem méi staarke Bewosstsinn dofir féiert, wat ee mat wéi enger moralescher an eethescher Responsabilitéit verëffentleche wëll".

De Wallbridge huet sech ufanks net zu der Serie geäussert, de Weekend huet hien awer gesot, datt hie sech net un der Diskussioun bedeelege wéilt. Un de Sender TV2 hätt hien awer e klore Message - fir de Fall, datt dësen an Zukunft änlech Formater plange géing: "Ech wëll iech wierklech dozou opfuerderen, dat sinn ze loossen."

Back to Top
CIM LOGO