
All Joer bréngt d'Post ronn 30 Timberen eraus, déi u verschidden Evenementer oder Jubiläen erënneren.
Dobäi kann et sech ëm de Jubiläum vun enger Perséinlechkeet, engem Veräin, enger Institutioun, engem historesche Gebai oder engem Konschtwierk handelen. Och bedeitend Evenementer kënnen op esou engem Timber veréiwegt ginn. Dobäi mussen dës vun nationaler Wichtegkeet sinn.
Well d'Planung fir d'Joer 2028 an déi Joren duerno elo schonn ufänkt, rifft d'Post dozou op, passend Sujete bis de 15. Januar 2027 anzereechen. Nieft Gemengeverwaltungen a wichtege kulturellen Institutioune kënnen och Veräiner, Entreprisen, aner Gruppéierungen a Privatpersoune Virschléi maachen.
All Proposen, déi erakommen an als zoulässeg agestuuft ginn, gi vum philatelistesche Comité iwwerpréift.
De Programm vun den neie Gedenktimbere fir 2028 gëtt am Hierscht 2027 am Kader vun der "Soirée du Timbre" virgestallt.
D'Reegele fir d'Admissioun fannt Dir hei.