Lëtzebuerger ZauberkënschtlerDavid Goldrake mam Gold Award fir "Best Magic Show" geéiert

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Präis fir déi bescht Zaubershow gouf de Lëtzebuerger David Goldrake och mam Gold Award fir déi bescht familljefrëndlechst Show ausgezeechent.

Den David Goldrake ass en international bekannten Zauberkënschtler, Speaker a Schauspiller, deen nieft senge reegelméissegen Optrëtter am renomméierte “Magic Castle” zu Hollywood schonn a méi wéi 20 Länner opgetrueden ass.

De Lëtzebuerger ass bekannt als “International Man of Mystery” a schwätzt nieft Lëtzebuergesch 6 weider Sprooche fléissend, dorënner Franséisch, Englesch, Däitsch, Italieenesch, Portugisesch a Spuenesch. Zu senge Spectateuren hunn ënnert anerem scho Kinneken, international Staren an Entreprisë wéi Samsung Electronics, J.P. Morgan Chase an Disney gehéiert.

A senger 75 Minutte laanger Show “Imaginarium” hëlt den Zauberer, eegenen Aussoen no, säi Publikum mat op “eng Rees an hir eege Käpp” an erfuerscht d’Faszinatioun vum Mënsch fir d’Magie, dat Mystescht an d’Täuschung.

E Mëttwoch gouf den David Goldrake dofir vum Magazin “Best of Las Vegas” mam “Gold Award” fir déi bescht Zaubershow a fir déi bescht familljefrëndlechst Show geéiert.

“Ech si mengen onbeschreifleche Frënn, Fans a Supporter op der ganzer Welt dankbar, datt si d’Noriicht verbreet a fir mech gestëmmt hunn. Hire Bäitrag huet dës Auszeechnung méiglech gemaach”, schreift den David Goldrake op senge soziale Medien.

Den Zauberkënschtler gouf ënnert anerem och schonn 2010 mam “Mandrake d’Or”, 2015 mam “Merlin Award” an 2017 mam “Bronze Award” vu “Best of Las Vegas” ausgezeechent.

1997 hat den Zauberer David Goldrake all Woch seng Show “Zaubereie mam David Goldrake” op RTL-Télé. Zanter 1999 ass hien haaptberufflech Zauberkënschtler. 2008 hat hien e puer Optrëtter an der “The next Uri Geller"-Show um däitsche Sender ProSieben.

Back to Top
CIM LOGO