
Schold dru sinn dräi Onéierlecher, déi e Mëttwoch e Bréifdréier brutal iwwerfall an och blesséiert hunn. D’Täter hunn déi ganz Camionnette eidel geraumt, ma haaptsächlech hate si eppes Bestëmmtes am Bléck. Si haten et op d’Päck ofgesinn, déi jo lo virun de Feierdeeg vill verschéckt ginn.
D’Police sicht elo no dräi Männer am Alter tëscht 30 bis 35 Joer.
Déi Onbekannt si vun hanne mat enger eideler Camionnette bei déi vun der Post bäigefuer. Si hunn dem 24 Joer ale Bréifdréier, dee grad amgaange war, ze kucken, wou den nächste Chrëschtdagspak misst hin, ouni Virwarnung an d’Gesiicht geschloen. Komplett ageschüchtert huet hien dono missen nokucken, wéi ee Pak nom aneren ëmgeluede gouf. D’Täter sinn dono geflücht.