Ouni Helm wier ech haut dout, seet d’Cyclistin Claire Faber. An der Descente vum Keeler Potto erof op Esch hat en Autoschauffer si iwwersinn. Mat Schold a Roserei huet d’Claire Faber sech an de leschte Méint awer net beschäftegt. Éischter mat der Rehabilitatioun. Si huet de Wee zréck op de Vëlo fonnt, och wann et e ganz holperege war, mat vill Méi a Kampf.

Mat sengen 2,04 Meter ass de Marco Rock, alias Rocky, am Fong predestinéiert, fir Basket ze spillen. Hien huet seng sportlech Karriär awer net an deem Sport ugefaangen, kann haut awer op eng laang an erfollegräich Zäit als Basketspiller zeréck kucken. Hien huet sech awer och ëmmer rëm fir de gudden Zweck engagéiert. De Rocky erënnert sech un déi gutt al Zäiten an erzielt, mat wéi enge Projeten hien haut anere Mënsche Guddes deet.
