Aussergewéinlech KollektiounDe Georges Carbon sammelt Bussen aus de 1950er Joren

RTL Lëtzebuerg
Déi eng sammelen Timberen, oder Magnéiter, déi aner kollektionéieren Objeten, déi net an d’Stuff passen.
De Georges Carbon sammelt Bussen aus de 1950er Joren
Déi eng sammelen Timberen, oder Magnéiter, déi aner kollektionéieren Objeten, déi net an d’Stuff passen.

De Georges Carbon sammelt Busser aus dem leschte Joerhonnert. Seng Passioun kënnt net vun näischt. Säin Ur-Grousspapp a säi Grousspapp haten zu hirer Zäit eng Transportfirma.

Déi selwecht Busser gehéieren haut zum Georges senger Kollektioun. Ënnert anerem een 3500er Mercedes Bus vun 1951. E Gefier, dat zu senger Zäit eng technesch Revolutioun war. Allgemeng huet hien a senger Bussammlung e puer Modeller aus de 50er a 60er Joren. Alleguer tipptopp restauréiert.

De Bus vun der Schwäizer Mark Saurer zum Beispill, dee charméiert mat sengem Panorama-Dach a sengem faarwegen Interieur. Wat de Georges u Bussen awer wierklech faszinéiert, ass virun allem déi sozial Roll, déi se nom Zweete Weltkrich gespillt hunn.

Back to Top
CIM LOGO