Fir de Jean-Claude Weber, e pensionéierten Elektriker, ass et en Universum ouni Zäit, d’Realitéit an enger Miniaturversioun.
All Owend erwächt hien a senger Garage säin Zuch an e kompletten Industriemodell zum Liewen. Eng Miniaturwelt, déi hie virun 2 Joer ugefaangen huet, ze bauen. Dee gesamten Industrieterrain vun den Héichiewen um Belval huet hien identesch a bis an dee klengsten Detail nogebaut. Säi Modell ass 87 Mol méi kleng wéi a Wierklechkeet. Vun der Faarf vun der Balustrad bis zur Form vun den Trapen an esouguer Zuel vun de Luuchten an de Stroosse sinn identesch. Dës Welt ass absolut wéi a Wierklechkeet nogebaut an all eenzel Figur gëtt mat der Pincette placéiert.
Fir all dës kleng, realistesch an op d’Mooss gemaachten Accessoiren zum Liewen z’erwächen, benotzt de Jean-Claude zanter engem Joer en 3D-Drucker, deen hien a sengem Keller stoen huet.
Mee och hei ass Gedold gefuerdert, en 20 Zentimeter klengt Stéck Daach, kann emol bis zu 12 Stonnen daueren.
De Jean-Claude passt virun allem op d’Faarwen op, déi hien op der Plaz selwer um Belval respektiv op de Fotoe gesäit, seng Recherchen am Virfeld si schonn e wesentleche Bestanddeel fir Produktioun vun dëser realistescher Miniaturwelt.
De Jean-Claude erwächt u sech och mat senger klenger Welt och d’Geschicht vu Lëtzebuerg a seng industriell Vergaangenheet nees zum Liewen. Hei um Belval huet säi Papp deemools, wéi hien nach gelieft huet, wärend senger ganzer Karriär geschafft. Dëst gëtt him d’Méiglechkeet, säi Papp z’éieren a gläichzäiteg d’Zäit vun der Lëtzebuerger Stolindustrie nees z’erwächen. Hie schätzt, dass hien nach eng Kéier minimum 2.600 Stonnen investéiere muss, fir déi ganz Anlag um Belval nozebauen. Den Ament ass nach d’Hallschent vu senger Garage fräi.
Modellbau immens beléift zu Lëtzebuerg
Am Club vun de Modelleisebunn-Frënn zu Jonglënster treffe sech all Woch ongeféier 30 Memberen a maache reegelméisseg Workshoppen, an deem si léieren, wéi een zum Beispill Beem a Miniatur hierstellt.
Am Miniaturbuttek zu Stroossen treffe sech vill Begeeschterter. Dat 200 Quadratmeter grousst Geschäft zitt net nëmme Clienten aus Lëtzebuerg un, mee och vill Fransousen, Däitscher an och Belsch. Hei gëtt et Honnerte vun Zich aus aller Länner, aus allen Epochen an alle Gréissten a Präisklassen. A fir déi, déi an den Detail verléift sinn, kritt een hei esouguer och verschidden Texturen a Faarwe vun engem Miniatur Wuess.
An de Vitrinne fënnt een aussergewéinlech Exemplaren, al Lokomotiven, déi vill Sammler zum Dreeme bréngen, virun allem, wat déi männlech Clientèle ugeet.
De Serge Willems, deen de Buttek scho bal 40 Joer leet, ass och begeeschterte Modelleisebunner. Säi Fils Xavier ass schonn 10 Joer mat dobäi. Haut verkafe si net nëmmen am Buttek, mee verschécken och villes weltwäit.
Op enger anerer Plaz huet de Jean-Claude Backendorf seng Miniaturwelt kreéiert, déi esou grouss ass, dass hien erakrauche muss. Dee ganze Raum vu sengem Haus steet am Zeeche vu senger Fantasiewelt, enger Lëtzebuerger Stad, déi hie mat Maart, Gaassen an Zuchreseau erfonnt huet. Zanter 23 Joer schafft hien un dëser fiktiver Stad, wou ëmmer nees Neies dobäikënnt.
De Jean-Claude ass zanter senger Kandheet vun Zich faszinéiert, daagsiwwer schafft hien als Ingenieur owes an de Weekend gëtt hie Chef de Gare an Dekorateur. Bal 30 Stonne pro Woch investéiert hien a seng Miniaturwelt, wou all Detail stëmme muss.