Schock fir Liverpool-TrainerDe Jürgen Klopp verléiert säi Brautrank - Kameramann fënnt en erëm

RTL Lëtzebuerg
No der Victoire géint Newcastle United huet den Teammanager vum FC Liverpool säi Brautrank verluer.
© SID/PETER POWELL

Nom Match ass de Jürgen Klopp iwwert den Terrain gelaf an huet verzweiwelt nom Rank gesicht, éier e Kameramann him e ginn huet. “Ech hat e gewaltege Schock. Mee en ass zeréck”, zielt de Jürgen Klopp.

De Kameramann hätt hien “an dëser Saison e puer Mol geiergert, ma elo huet hie vill Opnamen ze gutt, well dat hei war wierklech wichteg”, seet den däitschen Trainer. Hien hätt elo e “Frënn fir d’Liewe” fonnt.

2005 haten de Jürgen Klopp seng Fra Ulla bestuet. De Brautrank hätt hien elo scho fir d’zweet vermësst. “Ech hat en eng Kéier verluer an hunn e professionellen Taucher gebrauch, well ech en am Mier verluer hat”, erzielt hien. “Dat geschitt vun Zäit zu Zäit, wann ech een oder zwee Kilo ofhuelen.”

Back to Top
CIM LOGO