Dräi Meter héich a véier Tonne schwéier, de Menhir zu Recken ass deen eenzege vu senger Zort am Grand-Duché: den iwwer 6.000 Joer ale Block soll iwwer zwee Kilometer wäit op dës Plaz geschleeft gi sinn. Hunn dës Steng Grenze markéiert, goufe se fir rituell Zwecker benotzt oder verstäerke Menhiren effektiv Stralungen aus der Äerd, fir se dann, als positiv Energie, un de Mënsch weiderzeginn?
Esou genee weess een net, wat se am Zäitalter vum Neolithikum mat dëse Steng wëlles haten. Dee vu Recken bei Miersch ass e Sandstee mat enorm vill Eisen dran. E stoung um Béisenerbierg, fält iergendwann ëm, an ass begruewe bis en, 1978, erëm opersteet.
Opgeriicht, wéi et schéngt, esou eng 30, 40 Meter vu senger richteger, senger Ur-Plaz ewech. D'Christelle Boulanger kennt sech aus mat Feng Shui aus an hëlleft engem, säin Doheem an den Equiliber ze kréien. Si huet sech an d'Geobiologie erageknéit, spiert d'Energie vum Steen an d'Stralung aus der Äerd.
Wier de Menhir richteg gedréit, kéint en, duerch seng Positioun tëscht zwee Vortexen – dat sinn Energie-Wirbelen - energeetesch nach méi bréngen, seet d'Christelle Boulanger. De Mënsch kréich duerch si positiv Energie e "soin énergétique".
Radiästhesie gëllt als Para- oder Pseudo-Wëssenschaft. Hei geet een dovunner aus, dass net-miessbar Stralen en Afloss op Organismen hunn. E Menhir stéing normalerweis am Zentrum vun engem Vortex an agéiert deen Ament als “Verstäerker”. Sou wéi bei der Akupunktur, erkläert d'Christelle.
D'Kierch huet dës Plaz identifizéiert, grad ewéi zu Biekerech am Bësch, wou eng Kapell nieft staarken Energiestralen opgeriicht ginn ass. Déi hei zu Recken läit nieft siwe energeetesche Punkten. Dee Stäerkste spiert d'Christelle Boulanger riets vun der Entrée, um Eck vum Gebai. Et wier e Wirbel deen no riets dréit, also e positiven, een deen eis Energie gëtt, eis opbaut. D'Kaze léiche par contre gären op negative Punkten, déi déi Energie déi verbraucht ass, aus dem Kierper erauszéien. Fréier hätten all d'Mënschen dëst gewosst.
Als Initiée kéint si hëllefen, dës Stralen ze kanaliséieren an nach méi staark ze maachen. Nieft Biekerech ass hei um Béisenerbierg also eng zweet Plaz wou een Energie soll tanke kënnen. Egal wéi ass et derwäert dësen urale Menhir ze ëmäerbelen. Schuede kann et wuel näischt!