Franséisch AlpenDe Mont Blanc ass zanter 2021 ëm 2,22 Meter geschrumpft

RTL Lëtzebuerg
Dass de Klimawandel ëmmer méi zum Problem gëtt ass gewosst, ma d'Auswierkunge kommen lo no an no op d'Tapéit.
© AFP Archivbild

Experte vum franséischen Departement Haute-Savoie hunn elo rausfonnt, dass déi franséisch Alpe schrumpfen. Am September 2023 war de Mont Blanc offiziell 4.805,59 Meter héich an domat ganzer 2,22 Meter méi kleng wéi nach 2021.

Dësen Ënnerscheed kënnt duerch déi ënnerschiddlech Néierschlag-Quantitéiten am Summer, e Phenomen, dat och schonn an der Vergaangenheet observéiert gouf, sou de Jean des Garets, President vun der sougenannter Chambre départementale des géomètres vun der Haute-Savoie op enger Pressekonferenz am franséische Chamonix. Hie gëtt awer ze bedenken, dass de Mont Blanc bei der nächster Miessung an zwee Joer wuel nees vill méi héich wäert sinn. De Jean des Garets betount och, dass seng Ekipp net dofir do wier, hir gesammelt Donnéeën z’interpretéieren, dat géif een de Wëssenschaftler iwwerloossen.

Mat modernsten Apparater an eng éischte Kéier och mat enger Dron ass de Grupp vun 20 Leit , opgedeelt op aacht Gruppen, Mëtt September bis op de Sommet vum Mont Blanc geklommen, fir do op e puer Deeg verdeelt d’Spëtzt Punkt dir Punkt z’analyséieren. Dëst iwwregens scho fir d'12. Kéier, mam Haaptzil wëssenschaftlech Daten iwwert d’Auswierkunge vum Klimawandel an den Alpen anzefänken. D’Initiativ gouf 2001 an d’Liewe geruff.

Back to Top
CIM LOGO