Et wëll kee biddenDe perséinleche Bréif vun der Queen fënnt kee Keefer

RTL Lëtzebuerg
Royal-Fans ginn et jo eigentlech genuch. Trotzdeem huet den handgeschriwwene Bréif vun der verstuerwener Queen Elizabteh II nach keen neie Besëtzer fonnt.
© BERND WEISSBROD / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Bei der Stee zu Leinfelden-Echterdingen bei Stuttgart gouf bis elo nach keng Offer fir de Bréif vun der Queen un hir Hiewan aus dem Joer 1964 ofginn. Dat bestätegt den Ausriffer René Waldrab. Potenziell Keefer hätten no der Stee elo nach aacht Woche laang d’Méiglechkeet, fir awer nach op den Objet ze bidden.

De Bréif géing e “schéinen Abléck an d’Privatliewe” vun der Queen ginn an e wier einfach aussergewéinlech, seet de René Waldrab. Trotzdeem wollt keen déi gefuerdert 6.200 Euro Startgeld fir dat gutt erhalent Schreiwes bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO