
Et ginn esou munch Sportmoderatoren, déi mat hirer besonnescher Stëmm oder duerch hier eenzegaarteg Manéier ze schwätze bekannt gi sinn. Nächste Summer wäert et wuel eng weider Persoun ginn, déi dozou gehéiert. De Rapper Snoop Dogg soll nämlech fir d’NBC iwwert d’Olympesch Spiller zu Paräis beriichten.
Vum 26. Juli bis den 11. August wäert hien dat amerikanescht Team op der Plaz ënnerstëtzen. Zesumme mam Mike Trico soll hien an der Primetime-Sendung ze gesi sinn an hie mat senger “eenzegaarteger Siicht” op d’Eventer zu Paräis ënnerstëtzen.
De Snoop Dogg wäert net nëmmen déi sportlech Leeschtunge kommentéieren, mee och mat den Athleten an hire Famille schwätzen a Paräis besichen. Hie wier e grousse Fan vun den Olympesche Spiller: “Ech sinn domat opgewuess, Olympia ze kucken an ech freeë mech drop, den Athletinnen an Athleten nozekucken”. Weider wäert hien “de Snoop-Style” mat erabréngen. “Dat ginn déi epeschst Olympesch Spiller, déi et jeemools goufen.”