
De Standard-Abo war soss bei 6,99€ de Mount a klëmmt elo op 9,99 Euro de Mount. Dat ass eng Hausse vu bal 43%.
De Präis vum Premium-Abo ass vun 10,99 op 13,99 Euro de Mount geklommen, respektiv vun 109,90 op 139,0 Euro pro Joer. Dat ass eng Hausse vu bal 30%.
Bei Netflix war de Standard-Abo am Abrëll 2024 vun 12,99 op 13,99 Euro eropgaangen. Beim Premium-Abo war et eng Hausse vun 2 Euro op 19,99 Euro pro Mount.