Rumeuren bestätegtDe Stefan Raab grënnt eng nei Produktiounsfirma

RTL Lëtzebuerg
Op LinkedIn huet hien de Startschoss vu "Raab Entertainment" bekannt gemaach a soumat en neie Projet lancéiert.
© MATTHIAS BALKDPA / dpa / Picture-Alliance via AFP

Schonns am Hierscht goufen et déi éischt Rumeuren, déi elo bestätegt gi sinn. “Mir hu vill wëlles a mir wëlle mat engem groussaartegen Team a villen neien Iddien an dat neit Joer starten”, schreift de fréiere ProSieben- a Sat.1-Chef Daniel Rosemann.

Am Oktober 2023 gouf annoncéiert, datt de Stefan Raab no 25 Joer d’Zesummenaarbecht mat der Produktiounsfirma Brainpool Enn des Joers auslafe loosse géing.

Och fir den Daniel Rosemann wier et en neien Ufank. Hien hätt de Grupp ProSieben/Sat.1 am Hierscht no 15 Joer als Chef verlooss.

Back to Top
CIM LOGO