Hien hat sech säi Liewe ganz sécher anescht virgestallt. Viru siwe Joer krut de Sportler Yannick Lieners d’Diagnos Leukemie. Hien hat do eréischt 25 Joer. Duerch eng nei Therapie konnt hien de Kriibszelle Meeschter ginn. Mä du koum d’Krankheet zréck. De Yannick Lieners huet eis erzielt, wéi déi lescht Jore fir hie waren, wat et fir e Gefill ass, dass duerch säi Plooschterprojet scho Mënsche konnte gerett ginn a wéi et him haut geet.
De Yannick Lieners huet elo 33 Joer an ass grad a senger zweeter Kriibsbehandlung. Eng zweet Chance, fir de Kampf géint d’Leukemie ze gewannen. Parallel schafft hien als Schoulmeeschter a mécht, esou dacks et geet, säi Sport. E Kämpfer, deen net opgëtt, och wann hien zréckgeheit gëtt.
Hien hëlt kee Blat virun de Mond a mécht sech duerfir och net iwwerall Frënn. Soe mer et esou: Et ass een, deen uneckt. An der Lescht ass et awer e bësse méi roueg ginn ëm de Pierre Dillenburg. De fréiere Greffier vun der Chamber, dee vill Leit och aus sengen diversen Optrëtter hei op RTL kennen, gëtt d’nächst 2022 80 Joer jonk. An do kann een dach awer mol op en turbulent Liewen zeréckblécken.
