
“Déi riets Schong lénks leie gelooss”, titelt de Policerapport en Donneschdeg.
E Mëttwoch de Moie waren Onbekannter an ee Schongbuttek an der Dürener Wirtelstraße agebrach. Dat ongewéinlecht um Virfall an der klenger Stad tëscht Oochen a Köln ass awer net den Abroch u sech, mee éischter d’Virgoe vun den Déif.
D’Täter hunn Turnschong vun de Marken Adidas, Nike a Puma matgoe gelooss - allerdéngs ëmmer just de lénke Schong vum Puer. Ënnert de geklaute Schong mat engem véierstellege Wäert war keen ee Puer.
D’Police sicht elo no den Déif, déi d’Ausstellungsschong matgoe gelooss hunn, an huet an deem Kader och een Zeienopruff lancéiert.