Kuriéise Fall a FrankräichDéif schéckt geklauten Objet no bal 25 Joer zeréck

RTL Lëtzebuerg
1999 huet e jonke Mann d'Figur vun engem Hunn vun engem Kräiz geklaut. Viru Geriicht muss hien awer net.
Symbolbild
Symbolbild
© Shutterstock / WindKindaitei

War et eng Dommheet aus der Jugend? Doriwwer ginn d’Meenungen auseneen.

Bal 25 Joer war de gëllenen Hunn aus dem Duerf Bessan am Süde vu Frankräich verschwonnen. Elo huet den Déif d’Figur mat der Post zeréckgeschéckt, deelt de Procureur vu Béziers mat. An der Tëschenzäit huet d’Gendarmerie den Täter identifizéiert.

Et wier e Mann gewiescht, deen 1975 gebuer ass an den Déifstall elo och zouginn huet. Hien hätt den Hunn deemools aus Spaass geklaut a sech duerno net méi getraut, en zeréckzebréngen. Viru Kuerzem hätt hien den Objet dunn a sengem Keller fonnt a seng Entscheedung getraff. An engem Pak mam Ofsender “Monsieur Gallinacé” ass den Hunn nees opgedaucht.
D’Identitéit vum Täter huet d’Police net ëffentlech gemaach. Souwisou kéint de Mann net méi verurteelt deelt, well seng Dot verjäert ass. D’Enquête gouf ofgeschloss.

Den Hunn soll gläich nees op seng Plaz kommen. Do gëtt en dës Kéier “uerdentlech fest gemaach, dermat en net nees fortflitt”, seet de Buergermeeschter Pépin-Bonet.

Back to Top
CIM LOGO