
Dem Leonardo Muylaert hätt ni geduecht, datt hien de Superman wier, wann hien net 2022 op d’Comic Con op Sao Paulo gaange wier. Hei gouf den Affekot dobäi gefilmt, wéi hien um Telefon war. “Gesinn ech grad hei de Clark Kent?”, huet den Auteur vum Video, deen op TikTok den Tour gemaach huet, sech a seng Follower gefrot.
Zu deem Ament hat de Leonardo Muylaert keen Account op de soziale Medien a war sech guer net bewosst, datt hien Änlechkeet mam Journalist mam Brëll hätt. Lues a lues ass him awer an de Wochen dono kloer ginn, datt hien de “brasilianesche Superman” wier, eben well hien dem amerikaneschen Acteur Christopher Reeve esou änelt.
“Et war verréckt an amüsant ze gesinn, datt aner Leit der Meenung waren, datt ech ausgesi wéi de Superman”, sot de Leonardo Muylaert am Interview mat AFP. D’Spill wollt hien natierlech matmaachen an esou datt hie sech och e Superman-Kostüm bestallt huet. Esou ass hien dann och duerch Brasilien gereest an huet natierlech ëmmer gutt opgepasst, fir säi Brëll richteg auszedoen.
A Spideeler a Schoulen trëtt de Mann vun iwwer 2 Meter op a léist sech an de Stroosse mat Fans fotograféieren. Ganz wéi e Superheld freet hien dofir keng Suen. An och huet hie sech en Instagram-Account opgemaach. Den Account “tallclark”, also de grousse Clark, huet antëscht iwwer 115.000 Follower op Instagram.
Seng Videoen hunn et esouguer bis op Hollywood gepackt. Esou huet den James Gunn, de Regisseur vun der “Guardians of the Galaxy"-Triologie an neie Papp vum DC Universe, zu där och de Superman gehéiert, ee vu senge Videoen op “X” gedeelt.
Ma och dës Superman huet säi Loïs Lane. Dem Muylaert seng Frëndin Helenise Santos ass d’Fra hannert der Kamera. Donieft geréiert si och den Agenda vun hirem Superman. Iwwerall, wou hien higeet, zaubert hien de Leit e Laachen an d’Gesiicht. Grad Kanner besicht den Affekot a senger Roll als Superman ganz gären, fir si huet hien ëmmer nees Kaddoen dobäi a poséiert gäre fir Selfien.
Fir hien ass d’Roll vum Superman gutt, fir d’Routine vu sengem Bürosjob als Affekot ze briechen. Ma seng Aarbecht kéint och dozou féieren, datt hien a senger Liblingsnieweroll an Zukunft méi kuerz triede misst.