Um 20. Buergermeeschterdag konnt hie leider net present sinn an dofir huet d’Federatioun vun de Foraine geduecht: Wann den Inneminister op deem Dag net op d’Fouer kënnt, da kënnt d’Fouer bei hien.
Dowéinst sinn en Donneschdeg de Moien de President Charel Hary a säi Sekretär Gilbert Legil bei hien an de Ministère gaangen, fir him dat schéint Schiertech, e Souvenir fir 20 Joer Buergermeeschterdag an e Bild mam Logo “Ech sinn stolz op eis Fouer” z’iwwerreechen