
Ronn 10 Méint nodeems dee risegen Aquarium an engem Hotel futti gefuer ass, huet de Procureur seng Ermëttlunge géint Onbekannt gestoppt. D’Justiz begrënnt hir Decisioun mam Ofschloss vun enger Expertis, déi keng kloer Ursaach fir d’Ongléck liwwere konnt.
No der Aschätzung vum Expert fir Konschtstoffer Christian Bonten ginn et dräi Méiglechkeeten, déi kéinten a Fro kommen. Dës hätte mam Opbau an der Sanéierung vun deenen eenzelen Acrylglaselementer vum Aquarium ze dinn. Allerdéngs ginn et keng “eendeiteg Beweiser fir eng vun de méiglechen Ursaachen”.
Als “onwarscheinlech” gëtt eng Beschiedegung vum Zylinder duerch Sabotage, falsch Botzmëttel a kalen Duerchzuch am Atrium bewäert.
Enn Dezember 2022 war déi héich Waassersail geplatzt an domat sinn eng Millioun Liter Waasser an eng Hotellobby gelaf. D’Ongléck huet e risege Chaos hannerlooss, eng sëllege Geschäfter a Restaurante goufe beschiedegt. Bis dohi war den Aquadom weltwäit dee gréisste fräistoenden Aquarium, mat ronn 1.500 Fësch. Nëmmen 660 dovu konnte gerett ginn. D’Attraktioun gëtt net nees opgebaut.