Kleng Zich a kleng SchëfferD'Frënn vun de Miniaturwelte kommen dëse Weekend op hir Käschten

RTL Lëtzebuerg
Zu Jonglënster an zu Monnerech sinn den Ament zwou Ausstellungen, wou d'Frënn vu klengen Zich, Gefierer a Schëffer op hir Käschte kommen.

D’Fotografen Emile Mentz a Jean Walté hunn en Tour derduerch gemaach.

De Weekend ass zu Jonglënster déi international Modellbunn-Ausstellung. Hei kann ee Miniaturwelten aus dem Grand-Duché, Däitschland, der Schwäiz, Holland, Belsch a Frankräich bewonneren. D’Ausstellung ass am Centre polyvalent “Gaston Stein”. Um Sonndeg ass vun 10 bis 17 Auer op, den Entrée kascht 8 Euro fir Persounen iwwer 16 Joer.

Zu Monnerech ass nach e Sonndeg vun 10 bis 18 Auer och eng Ausstellung mat Miniatur-Schëffer. Dat am Kulturzenter “Arthur Thinnes”.

Modellbau immens beléift zu Lëtzebuerg

Am Club vun de Modelleisebunn-Frënn zu Jonglënster treffe sech all Woch ongeféier 30 Memberen a maache reegelméisseg Workshoppen, an deem si léieren, wéi een zum Beispill Beem a Miniatur hierstellt. An engem Reportage am Magazin, huet de Philippe Dondelinger e puer passionéiert Sammler getraff.

Passioun Modellbau
All Owend erwächt de Jean-Claude Weber seng kleng Welt, respektiv e kompletten Industriemodell a senger Garage zum Liewen.

Back to Top
CIM LOGO