Hat 455.000 Euro bei sechDouane um Fluchhafe vu München hält Pensionär un

RTL Lëtzebuerg
De Mann hat, wéi hien huet missten uginn, wéi vill hie bei sech huet, liicht ënnerdriwwen. Ganzer 300 Euro hat hien de Beamte genannt.
© AFP

Bei weidere Kontrolle koum och näischt eraus, ma de Mann soll kuerz éier hien an de Fliger geklommen ass eng Wallis kritt hunn, an där d’Suen dra waren. Wéi de Pensionär dunn eng weider Kéier kontrolléiert gouf, hat hien dunn de Montant vu 455.000 Euro bei sech.

D’Sue goufe vum däitschen Zoll saiséiert a géint de 66 Joer ale Mann gouf eng Enquête ageleet. Wo d’Suen hierkoumen a wisou hie se krut, dat wollt de Mann net soen.

Wien aus engem Net-EU-Land an en EU-Land reest, oder aus engem EU-Land an en Net-EU-Land, dierf maximal 10.000 Euro bei sech hunn, egal op dëst a Suen, Wäertpabeieren oder Gold ass.

Back to Top
CIM LOGO