
Dat schéngt wuel en Dramjob ze sinn?
Ronn 1.100 Bewerbunge si bei der Inselgemeng erakomm, nodeems si d’Sich no engem Wiechter oder enger Wiechterin fir de Leuchttuerm lancéiert haten. Dat wier scho geckeg a keen hat mat sou engem Undrang gerechent. D’Demandë koume vun iwwerall aus Däitschland, ma souguer aus dem Ausland, zum Beispill Polen an Tschechien.
Lo kéint ee sech bal schonn d’Fro stellen, ob si nach een astelle mussen, fir all dës Bewerbungen duerchzekucken an ze beäntweren. An der klenger Verwaltung vun der ostfrisescher Insel mat knapp 1.200 Awunner schaffe grad mol eng Dose Leit, nëmmen eng Persoun an der Ressources humaines.
Den 39 Meter héijen Tuerm sicht awer lo net wierklech e Wiechter, vill méi ass et en touristeschen Job, deen offréiert gëtt. Den denkmalgeschützte Leuchttuerm ass d’Worzeeche vun der Nordséiinsel an zanter 1969 net méi a Betrib. E gëtt reng touristesch genotzt. Den neien Employé ass deemno zoustänneg fir d’Ticketvente, d’Kontroll bei der Entrée an d’Vente vu Souveniren.
No vill stress héiert sech dat net un...
Et wier een och lo scho sécher, op d’mannst eng Jobkonditioun net kënnen z’erfëllen. Bei esou vill Demandë wier et schwéier, dass am Mee schonn déi richteg Persoun do steet. Fir d’éischt misst all Schreiwes opgeschafft ginn. D’Inselgemeng profitéiert awer och lo vun der Opmierksamkeet, fir Ouschteren, wann d’Touristesaison lassgeet, bréicht een nämlech nach Leit, déi als Kanneranimateure wéilte schaffe kommen.