
Wéi den 38 Joer ale Mann dat matkrut, hätt hien de Beamten no geréng Quantitéiten Extasy a Kokain ewechgeheit, wier aus der Fënster gesprongen an um Daach vun enger Garage gelant.
Well et duerno awer 10 Meter weider an d’Déift gaangen ass, huet de Mann sech net getraut, seng Flucht virunzefueren. Hien huet misse vun de Pompjeeë vum Daach gerett ginn. Wärenddeem hunn d’Beamte vun der Police mat der Perquisitioun weidergemaach. Si hunn eng gréisser Quantitéit Drogen, Suen an e puer Messere saiséiert. De Mann koum doropshin an Untersuchungshaft.