Mënschen a GeschichtenD'Sarah Esselen an de Pickege Pit

RTL Lëtzebuerg
D’Sarah Esselen huet sech als Single-Fra fir eng kënschtlech Befruchtung decidéiert a mir weisen Iech donieft dat faarwegt Liewe vum Pickege Pit.
Mënschen a Geschichten: Sarah Esselen an de Pickege Pit
D’Sarah Esselen wollt onbedéngt e Kand, ma dee Wonsch war ze liicht ze realiséieren an de Pickege Pit huet sech am Laf vu sengem Liewen ëmmer erëm nei erfonnt.

Dat laangt Waarden op e Kand

Eng Koppel brauch an der Moyenne ee Joer bis de Wonsch vun der Schwangerschaft an Erfëllung geet. D’Sarah Esselen vu Saarbrécken wollt onbedéngt e Kand, ma d’Liewen huet hir bei dësem Wonsch net an d’Kaarte gespillt. De Wee vun der kënschtlecher Befruchtung huet si vill kascht a si huet niewent Feelgebuerten och nach eng jett Kriticken agestach. Déi taff Fra huet eis hir Geschicht erzielt.

Verwandlungskënschtler am Dauerasaz

De Pit huet sech am Laf vu sengem Liewen ëmmer erëm nei erfonnt, an och elo mécht hien ëmmer rëm nei Saachen. Dacks fir Kanner Freed ze maachen, awer net nëmmen. Pickege Pit, Cyperpiper a Bimbo Theater, dat si just puer vun deene Projeten, mat deenen hie sech a vill anerer begeeschtert. Mir sinn an dem Pit seng villsäiteg Welt agedaucht.

All d’Emissioune vu “Mënschen a Geschichten” fannt Dir op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO