
E Freideg soll d’Stéck Weltraumschrott an der Äerdatmosphär verglousen, an dat iwwer Däitschland. Dat huet de Ministère fir Wirtschaft a Klimaschutz erkläert. Bei den Iwwerreschter handelt et sech ëm eng Plattform mat Batteriepäck, déi schonn den 21. Mäerz 2021 vun der Internationaler Raumstatioun ISS ofgetrennt gi sinn. Dee ganze Block huet eng Gréisst vun am Ganzen 4x2x1,5 Meter an eng Mass vun 2600 Kilo.
Wéi däitsch Medie mellen, gëtt sech erwaart, dass d’Stéck an Honnerte Fragmenter zerfale wäert, déi zwar dann am Eenzelfall nach ëmmer e puer Kilo schwéier kënne sinn. Wou genee, dat wier nach onkloer. E Couloir vu 35 Kilometer Breet kéint Berechnungen no a Fro, dee sech vum Ruhrgebitt queesch duerch Däitschland bis op Cottbus zitt.