
De Papp war der Meenung, dass d’Kand aus dem Gaart verschwonne wier, wou hien eventuell ee Moment net richteg opgepasst huet.
Nieft der Police waren och d’Pompjeeë geruff ginn, fir nom 3 Joer ale Kand ze sichen. Dobäi koumen och Dronen an den Asaz, grad ewéi e Sich-Hond.
Mat der Hëllef vun enger Kamera, déi Hëtztquellen erkenne kann, gouf d’Kand schliisslech fonnt... Et louch gemittlech an engem Schaf ze schlofen, tëscht engem Koup voll Wäsch.