Famill Hankes op der ReesE Schëff, 34 Häfen, Fjorden, Polarliichter, Nordkap a Rendéieren

Ketty a Rom Hankes
D'Ketty an de Rom Hankes hu sech en Dram erfëllt a sinn op den Nordkap gereest. An dësem Artikel fannt dir hir Impressiounen.

Den 9.12 hei zu Lëtzebuerg gestart, Richtung Bergen.

2.500km mam Schëff “Kong Harald” louche virun eis mat riseger Virfreed, wat eis alles géing erwaarden. Owes um 20.30 Auer, d’Kabinn war ageriicht, eraus op Deck an et konnt lassgoen. Eis Aventure, op déi mir eis esou laang gefreet hunn, war gestart.

34 Häfen an 100 Fjorden stounge bannent 5 Deeg um Programm. Mat gudder Preparatioun war eis Virstellung gutt, awer dat Erliefte war ëm Welte besser. Mir konnten net ophale mat staunen, wéi schéin et op der Welt ka sinn, mat all deene schlechten Noriichten, déi een all Dag gesäit an héiert. Ofschalte war garantéiert.

Zu Ålesund ,hei gouf et nach zäiteg hell an, an all Himmelsrichtung war engt anert Liicht an eng fantastesch Vue. Eis éischt Sortie vum Schëff stoung un. Eng schéin awer méi rau Küst mat herrlecher Landschaft, an e schéinen ale Liichttuerm, eng al kleng Kierch an een urege Kierfecht war eis Visitt. Zeréck Richtung Schëff si mer nach kuerz iwwert e Chrëschtmaart getrëppelt ouni Glühwäin, well an der Ëffentlechkeet duerf keen Alkohol gedronk ginn. Virun 13 Auer gëtt et iwwerhaapt keen Alkohol.

Zweeten Dag: eng Visitt vun enger schéiner Stad Trondheim ass ee muss, schéi Gebaier, flott Geschäfter a frëndlech Leit. Moies um 7.10 Auer goufe mer aus dem Bett geschellt vum Kapitän, mir géingen den Polarkrees iwwerquieren. Vun elo un ass et de Rescht vun der Vakanz quasi de ganzen Dag däischter... eng ganz nei Erfarung koum op eis duer. An um kuerz virun 8 Auer hu mer en du gesinn... déi Bull, déi eis de Polarkrees ugedeit huet.

Uschléissend war eng Zeremonie, wou den Neptun koum a jiddereen mat Äiswaasser gedeeft huet.

Duerno ware mer zu Bodo, eng wonnerbar Landschaft mat richteg vill Schnéi. Ënnerwee Richtung Tromsø hate mir déi éischte Kéier -16° um Schëff op Deck. Zu Tromsø stoungen dunn e puer Visitten um Programm an zum Schluss si mer mat enger Seelbunn erop op den héchste Punkt vun Tromsø. Do hu mir déi éischte Kéier Polarliichter gesinn.

Um leschten Dag um Schëff koume mir op Honningsvǻg, wou mir den Nordkap gesinn hunn. Bei -16°C, Schnéistuerm an engem extrem spezielle Liicht, ware mir mat vill Freed um Nordkap ukomm. Duerno waren nach 2 Deeg Kirkenes ugesot, do ware mer du just nach 10km virun Russland. Mat enger Visitt un der Grenz an Kirkenes si mer an eise Park gefouert ginn. Déi éischt Rendéieren hu mer gesinn, si mat de Schlittenhënn gefuer, hunn nees Polarliichter gesinn, ware Kinnekskrabbe fëschen an hunn den Owend mat enger Visitt am Äishotel an an der Äisbar mat engem äiskalen Shot ausklénge gelooss.

Et war eng wonnerbar Rees, mat ganz vill flotte Bekanntschaften, engem super Grupp an engem grandiosen Guide. Mir si vun engem Highlight an een anert komm, et war einfach nëmme mega, mir kënne just soen: Maacht et!

Ketty a Rom Hankes

Back to Top
CIM LOGO