
Mam Daniel Sousa hunn ech mech direkt gutt verstanen. Voller Begeeschterung huet hie mer erzielt, wéi si am Atelier schaffen. Hie war vun Ufank u mat dobäi, wéi den éischten Atelier fir blann Leit opgaangen ass, wou se ënnert dem Statut vum Salarié handicapé konnte schaffen.
Fir de Mann, dee vu Gebuert u blann ass, wier et wichteg, dass hie kéint schaffen: “Dat ass gutt fir d’Moral an och fir Suen ze verdéngen.”
Keen Dag wier wéi een aneren. Et wier ëmmer nees eppes anescht ze maachen: “Ech si Computerfreak, ech maachen de Menu am Braille um Computer.”
D’Ambiance am Atelier ass entspaant, et wieren der de Moment e puer an der Vakanz. Et géif ee sech awer gutt verstoen, erkläert den Daniel Sousa.
“Aus Aarbechtskolleege si Frënn ginn. Mir verbrénge vill Zäit hei am Atelier mateneen, verstinn eis awer och soss gutt.”
Dem Daniel seng Frëndin schafft och am Atelier, si hu sech hei kennegeléiert.
Den Daniel erzielt am Interview, dass hien emol an enger Foussgängerzon d’Orientéierung verluer huet: “Ech hu gefrot, fir mir ze hëllefen, fir ze wëssen a wéi enger Strooss ech wier. Déi Leit sinn einfach mat hirem Handy a Kopfhörer laanscht gaangen.”
Et géif ee sech scho wënschen, dass d’Gesellschaft nees méi Hëllefsbereet gëtt, wann d’Leit nees méi opmierksam ginn a froen: “Kann ech hëllefen?”
Wärend eisem Gespréich huet och d’Renée sech mat an Diskussioun abruecht an huet mer iwwert Problemer am Alldag gezielt: “De Bäcker, wou ech elo ginn, wann ech do mat der Kaart bezuelen, deen huet eng nei Maschinn, net méi mat Tasten, mee mat Touch-Screen. Wat soll ech do maachen? Engem Frieme meng Pin-Nummer soen?”
Duerch d’Digitaliséierung géif villes méi einfach ginn, den Ëmgang mam Computer gëtt wuel méi einfach. Ma net alles wier awer besser ginn.
Am Januar 2004 ass den neien Atelier protégé, fir virun allem Leit déi net gutt gesinn oder blann sinn, opgaangen. Dëst Joer feiert een 20 Joer. Den Ament schaffe 54 Leit fir den Atelier, 42 Persounen hunn de Statut vum Salarié handicapé. Bis 2030 sollen d’Aktivitéite weider ausgebaut ginn. Mat ënnert anerem neien Atelieren an zousätzleche Mataarbechter.
