
D’Salariéen hu géint den - an hiren Aen - schlechten Zoustand vum Monument protestéiert. Den Eiffeltuerm gëtt zwar reegelméisseg nei ugestrach, d’Gewerkschafte schloen awer Alarm, well et vill Plaze géif, déi raschteg wieren a fuerderen eng Grondsanéierung.
Si si sech mat der Bedreiwerfirma driwwer eens, datt an den nächste siwe Joer 380 Milliounen Euro an Aarbechten investéiert ginn.
Den Eiffeltuerm war zejoert mat 6,3 Millioune Visiteuren, dat Monument, dat d’Leit a Frankräich am meeschte kucke gaange sinn. Dëst Joer dierft déi Zuel wéinst den Olympesche Summerspiller zu Paräis souguer nach klammen.