Andréck vun de Festivitéiten um SonndegÉiner Wënzerdag ass e wichtegen Datum fir d'Frënn vum Wäi vun der Musel

RTL Lëtzebuerg
Um 11.15 Auer war et esou wäit. Wéi d'Traditioun et verlaangt, gëtt sonndegmoies den neie Joergang geseent.

Duerno gëtt et de Patt fir déi Lokal fir d’Veräiner an hir Benevoller. D’ Festivitéiten um Sonndeg dierfen ufänken.

Éiner Wënzerdag
Fir d’ Frënn vum Wäi vun der Musel gëllt den als ee vun de ganz wichtegen Datumer am Kalenner.

Um éischte Weekend vun der Summervakanz zitt et, wann d’Wieder matspillt, all Joers Honnerte Leit an dat soss esou idyllescht Dierfchen, enk Stroossen mat Blummen dekoréiert Haiser, invitéieren, fir hänken ze bleiwen.

Wënzerdag zu Éinen
Wäifest zu Éinen den 3. Sonndeg am Juli

Zu Éinen dierf natierlech d’Glas Riesling net feelen, d’Duerf war an der Zäit d’Lëtzebuerger Héichbuerg vum Rivaner, haut steet d’ Cremant-Produktioun am Fokus, mat virun allem d’ Burgunder-Zorten.

Back to Top
CIM LOGO