
An där Zäit sollen déi Gleeweg sech duerch Faaschten a Gebiet besonnesch op hir Relioun konzentréieren. An deem Mount soll de Prophet Mohammed de Koran empfaangen hunn. Et ass eng Zäit, déi physesch a psychesch eng Erausfuerderung ka sinn.
Um kuerz no 5 Auer moies am Dag rifft den Edin Jusufovic an der Moschee zu Wolz fir déi éischte Kéier am Dag zum Gebiet op. Anescht wéi soss gëtt et am Ramadan owes nach een zousätzlecht Gebiet.
Wien net an d’Moschee komme kann, kann awer och doheem bieden. Nieft dem Gebiet gehéiert d’Faaschten am Ramadan zu de fënnef Saile vum Islam. Wie gesondheetlech kann, an net grad op der Rees, al, oder krank ass, oder e Kand erwaart, soll et anhalen. Wien net faaschte kann, kann awer kompenséieren, erkläert d’Saima Mehonic, aktive Member vun der Moschee zu Wolz. Entweder kann een d’Faaschten an engem anere Moment am Joer nohuelen oder et kann een en Don maachen: “Dat heescht, si maachen en Don u Leit, déi net genuch hunn. Den Don ass da pro Dag eng Moolzecht. Dat heescht, eng Moolzecht pro Dag, 30 Deeg laang, dat gëtt da gespent”.
Aktuell verzichten déi gleeweg Moslemen op eppes méi wéi 13 Stonnen am Dag op Iessen an Drénken. D’Saima Mehovic bereet sech dorop mental vir, et wier eng Zort spirituelle Sport. Si wéit um Schluss vum Ramadan e bessere Mënsch si wéi am Ufank: “Matfillen, wat denken ech an eiser Gesellschaft ëmmer manner ass: ‘Mir geet et gutt, an dat ass dat wat zielt’. Mir geet et drëms, sech nach eng Kéier ze sammelen an ze kucken, wat waren elo déi 11 Méint, wou stinn ech, a wat sinn elo meng Prioritéite fir déi nächst 11 Méint. Et ass eppes wéi e Contrôle technique op allen Niveauen.”
Op der Aarbecht wéissten d’Kolleege Bescheed an et géif Récksiicht geholl ginn. Den 9. Abrëll ass de Ramadan da fir dëst Joer eriwwer, da gëtt d’Zockerfest gefeiert.