
Am Joer 2009 soll de Journalist sech um Florence Porcel vergraff hunn a muss sech elo erklären. Dat deelt de Parquet um spéiden Dënschdegowend mat. Dem Patrick Poivre d’Arvor seng Affekote weisen d’Uschëllegungen zeréck.
D’Florence Porcel beschëllegt de Fransous domat, si 2004 zum Sex an 2009 zum Oralsex gezwongen ze hunn. Dem Parquet no wieren d’Ermëttlungen zum Virfall vun 2004 nach amgaangen.
2021 hat de franséische Parquet schonn eng Kéier géint hien ermëttelt, mee dëst no e puer Méint wéinst Verjärung oder engem Manktem u Beweiser nees gestoppt. Doropshin huet d’Porcel hien op en Neits ugeklot. Si hat sech nämlech un d’Ëffentlechkeet geriicht, wouropshin sech 20 aner Frae gemellt hunn, déi dem Journalist Mëssbrauch a Vergewaltegung virgeworf hunn.
“Mir freeën eis fir d’Florence Porcel, där hire Kampf ni nogelooss huet a mir freeën eis fir all d’Fraen, déi sech an dësem Prozess engagéiert hunn”, erkläert d’Vereenegung MeTooMédia, déi vun dräi Affer vum Moderator gegrënnt ginn ass. Et gëtt vun engem “éischten Erfolleg” geschwat a weider op eng Verurteelung gehofft.
De Patrick Poivre d’Arvor ass a Frankräich ënnert sengem Initiale “PPDA” bekannt a gehéiert zu deene beschtbekannte Personnagen um franséische Fernsee. Iwwer zwee Joerzéngten huet hien d’Noriichten op TF1 moderéiert a war niewebäi als Auteur erfollegräich.