"Mäi Wee" - Geschichten aus dem LiewenEpisod 8: Leo a Famill - Et koum wéi e Schlag

Tim Hensgen
An der 8. Episod vu "Mäi Wee" geet et ëm de klenge Leo.
"Mäi Wee"-Geschichten aus dem Liewen Episod 8: E Schlag bei Kanner
Mat der Gebuert vun hiren Zwillinge Leo a Sam geet fir d’Manon an d’Natascha en Dram an Erfëllung. Ma op eemol fänkt de Leo un, sech ze veränneren.

Mat der Gebuert vun hiren Zwillingen ass fir d’Manon Galli Quintus an dem Natascha Quintus den 11. Mee 2018 en Dram an Erfëllung gaangen. Déi zwee Joer duerno huet déi kleng Famill zu Suessem e ganzt normaalt Liewe gefouert.

Bis de Leo sech vun engem Dag op deen anere staark verännert huet. Dem Sam säi Brudder war ewéi a senger eegener Welt gefaangen, säi Bléck eidel. E Schock fir d’Elteren, déi awer déi schwéiersten Hürd geholl hunn, fir hirem Jong ze hëllefen. Haut huet de Leo 7 Joer.

Seng Geschicht den Owend an eiser Emissioun Mäi Wee.

LINK: All d’Emissioune vu “Mäi Wee” fannt Dir um RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO