De Léon Staus huet an de 1960er seng ganz Kandheet zu Déifferdeng verbruecht. Mee scho mat 9 Joer ass hien net méi reegelméisseg an d’Schoul gaangen. De Léon huet gefëmmt, Kicker gespillt an huet geklaut. Seng kriminell Zukunft war virgezeechent. Mat 11 Joer koum hien op Dräibuer an Enn de 70er an de Gronn an de Prisong. Dat well de Léon net méi nëmmen Autoe geklaut an a Weekend-Haisercher agebrach ass, mee hien hat sech op d’Knacke vu Coffre-forte spezialiséiert. No 30 Méint Prisong ass de Léon Staus zum Dealer ginn a souz zu Schraasseg mat Schwéierverbriecher ewéi dem Mohammed Agovic an der Band vu Waldbëlleg.
No 15 Joer Prisong huet de Léon awer d’Kéier kritt. Hien huet déi wéineg Chance, déi e krut, genotzt an ass vun 1997 u schaffe gaangen. Schlussendlech hat de Léon Staus sech zum Agent immobiller eropgeschafft. Och wann e schwéiere Motorradsaccident senger Pensioun nach bal e Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet.