
Bei der Decouverte vun den Ermëttler zu Greiz an Däitschland, handelt et sech ëm eng illegal Cannabis-Plantage, déi e puer honnert Quadratmeter grouss ass. Déi professionell Anlag gouf, wéi et säitens der Police heescht, an engem Gebai bedriwwen, dat zanter Joren eidel steet.
D’Police huet en Donneschdeg am Ganze sechs Camionschargen u Beweismaterial, wéi Filteren, Utensilien, déi iwwer dausend Planzen an ënnerschiddlechen Héichten, sou wéi scho fir de Verkaf verpaakte Bléien am zweestellege Kilo-Beräich, geséchert.
Siwe Männer mat albanescher Staatsbiergerschaft am Alter tëscht 19 a 36 Joer goufe virleefeg festgeholl. Am Laf vun e Freideg sollen d’Männer dem Riichter virgefouert ginn. Hinne gëtt den illegalen Ubau, respektiv Handel mat Cannabis an net gerénge Quantitéite virgehäit.