
Zeie war en Auto opgefall, dee mat bloe Luuchten um Daach, déi ee mat engem Magnéit fixéiere kann, ënnerwee war. D’Gefier soll virun engem Café stoe bliwwe sinn.
Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, hu si den Auto séier konnte lokaliséieren an déi magnéitesch Policeluuchte waren och nach um Daach vum Gefier fixéiert. Ma och an der Fënster vir ware Luuchte festgepecht ginn.
De Chauffer vum Gefier hunn d’Poliziste beim Drénken an engem Café erëmfonnt. Säi Promillewäert vu 2,26 huet dann u sech och keen Zweiwel dru gelooss, datt de Mann alkoholiséiert an de Bistro gefuer ass. Aner Gäscht hunn ausgesot, datt de Mann hinne géintiwwer sot, datt hie Polizist wier an domadder eng “Bonuslizenz hätt, fir alkoholiséiert Auto ze fueren”. Géint hie gëtt elo wéinst Fueren ënner Alkoholafloss enquêtéiert. Veräntwere muss hie sech wuel weider och nach, well hien uginn huet, e Polizist ze sinn.