
Richteg Poliziste hunn dem Schauspill en Enn gesat. Géint de Mann vun 48 Joer gëtt elo wéinst “Amtsanmaßung” ermëttelt. Dat deelt d’Police vu Flensburg e Freideg mat.
Deen Onéierleche soll d’Posche vun de Leit am Zuch duerchsicht a behaapt hunn, dass hien eng Waff dobäi hätt. D’Passagéier hunn doropshin den Noutruff gewielt, well den zivil-gekleete Mann verdächteg gewierkt hätt. Zu Neumünster op der Gare huet déi richteg Police du schonn op hiren “Aarbechtskolleeg” gewaart.
De Mann war der Police scho bekannt, eng Waff hat hien awer keng bei sech. Hie gouf mat op de Policebüro geholl, wou hien aussot, dass hien mat senger Aktioun just fir Sécherheet suerge wollt.